art-vivant.jpg

72e Salon de l'art vivant

Du 25 novembre au 10 décembre 2017 | De 16 h à 19 h | Espace H2O à Oberkorn | Gratuit

Den Art Vivant feiert 2017 seng 73 Joer, 73 Joer, déi duerchtränkt ware vu Faarwen, Konscht, Kultur an och vu mënschleche Kontakter a Kreativitéit, ver-bonne mat vill Freed a Schaffen. Et war eng Mëschung vu Kultur a Kulturen, Schweess a Freed an och mol Tréinen, déi den Art Vivant zu deem gemaach hunn, wat en elo ass.

D’Konscht léisst sech net festleeën; si ass widderspréchlech an huet en extrem verännerlecht Banneliewe voller Emotiounen, mat Héichten an Déiften. All eenzelne Kënschtler ass op seng Manéier gerad esou komplex an intressant.

Am Art Vivant kann ee sech entwéckelen, sech goe loossen an de Risiko och mol huelen, eppes komplett Neits ze presentéieren an ze probéieren, esou datt een de Kënschtler gerad esou wéineg festleë ka wéi seng Gefiller oder seng Konscht, déi hien am Art Vivant stéckelchersweis virféiert.

Zwou Nocturnë fanne statt den 1. an 8. Dezember bis 21 Auer mat Livemusek, Iessen an Drénken.