art-vivant.jpg

73e Salon de l'art

24.11.2018 | 16h-19h | gratuit

 Invité d’honneur Dani Blasen Salon

Den Art Vivant feiert 2018 seng 74 Joer, 74 Joer, déi duerchtränkt ware vu Faarwen, Konscht, Kultur an och vu mënschleche Kontakter a Kreativitéit, verbonne mat vill Freed a Schaffen. Et war eng Më- schung vu Kultur a Kulturen, Schweess a Freed an och mol Tréinen, déi den Art Vivant zu deem gemaach hunn, wat en elo ass.

D’Konscht léisst sech net festleeën; si ass widderspréchlech an huet en extrem verännerlecht Banneliewe voller Emotiounen, mat Héichten an Déiften. All eenzelne Kënschtler ass op seng Manéier grad esou komplex an intressant.

Am Art Vivant kann ee sech entwéckelen, sech goe loossen an de Risiko och mol huelen, eppes komplett Neits ze presentéieren an ze probéieren, esou datt een de Kënschtler grad esou wéineg festleeë ka wéi seng Gefiller oder seng Konscht, déi hien am Art Vivant stéckelchersweis virféiert.

Zwou Nocturnë fanne statt den 30. November an 7. Dezember bis 21 Auer mat Livemusek, Iessen an Drénken.