gluhschwengchen.jpg

D'Glühschwéngchen

Le 12 avril | 15 h | Aalt Stadhaus | 15 €/7,5 €

D’Glühschwéngchen hat ze laang ënnert der waarmer rouder Luucht geleeën a well et elo ganz gliddeg ass, wëll kee mat him spillen. Wéi hatt héiert, datt et bei de Pinguinen ëmmer kal ass, wëllt et bei déi goen. Ënnerwee begéint et ee Mann, deen zwar ausgesäit wéi e Pinguin an him Hëllef versprécht, mä do erlieft hatt awer säi gréngt Wonner!

D’Glühschwéngchen ass eng lëtzebuergesch Kannergeschicht vum Nora Wagener a Luc Caregari, illustréiert vum Carlo Schmitz (Op der Lay, 2016). D’Regisseurin Linda Bonvini an d’Schauspillerin Rosalie Maes hunn dës Geschicht fir d’Bühn adaptéiert a sech fir e multidisziplinäert Konzept entscheet: Op der Bühn vermësche sech Schauspill, Projektiounen an d’Kläng vu verschiddene Saxophonen. D’Glühschwéngchen ass dat éischt Stéck vun Independent Little Lies fir e jonke Public ab 6 Joer.