Poppespënnchen_grouss.jpg

Picknick am Bësch – De Geschichte-Spill-Theater Kaspibom

18. Juni | 15 h 30 | Lasauvage

Eng Geschicht mat Kasperlspoppen a plüschen Déieren

De Bopa hëllt de Joé mat an de Bësch picknicken. Doropshin geet de Joé och mat senger Frëndin Lotti an de Bësch. Déi zwee Kanner picknicken a maache vill Knascht. d’Déieren am Bësch si guer net frou heiriwwer a froen ëm Hëllef… A wéi soll dat ausgoen?

Spilldauer: ca. 45 Minutten

Sprooch: Lëtzebuergesch

Ticketen

www.luxembourg-ticket.lu

  • 5€ Euro fir Kanner
  • 7€ Euro fir Erwuessener