stock-car grand.jpg

Porte Ouverte vum Lëtzebuerger Stock-Car

Sonndes, den 20. Mee | 18h00 | Place du marché, Differdange

Fédération Luxembourgeoise du Stock-Car

Och a Gedenken un dat éischt offiziellt Stock-Car-Landesmeeschter-Team, dem R.A.F. - Racing Action Fousbann vun Déifferdeng

Ënnert anerem stellen déi aktuell Veräiner hier Autoen zur diesjähreger Meeschterschaft vir. Fir Iessen a Gedrénks ass de ganzen Dag iwwer gesuergt, a wéi ëmmer zu soziale Präisser.

Fir dat jongt Publikum hu mir ee Sprangschlass virgesinn. Fir Nostalgiker weise mir selte Fotoen a Videoopnamen aus der Geschicht vum Lëtzebuerger Stock-Car-Sport an nach villes méi.

The Place to be – een absolutte Must fir all Stock-Car- a Motorsport-Fan hei zu Lëtzebuerg an Ëmgéigend.

Kommt och Dir Iech informéieren, wat et alles Neies gëtt zur Saison 2017. Op engem Informatiounsstand erhaalt Dir sämtlech néideg Informatiounen, wann Dir selwer Interessi hutt, un de Start ze goen.

Deemno notéiert Iech dëse Rendez-Vous grouss an Ärem Kalenner!

télécharger l'affiche