Internet.jpg

RTL-Megafuesend zu Déifferdeng

9, 10. an 11. Februar

D’Stad Déifferdeng, an Zesummenaarbecht mat senger „Commission des Festivités“ a véier lokale Veräiner organiséiert déi 11. Editioun vum Fuesweekend „RTL-Megafuesend“ zu Déifferdeng an dat vu Freides, de 09. Februar bis Sonndes, de 11. Februar um Parking Contournement am Zentrum vun Déifferdeng.

Baile dos Mascarados mam Quim Barreiros & Zé Rascunho

De Startschoss vun der „RTL-Megafuesend“ ass Freides, de 09. Februar ab 21 Auer mat der bekannter portugisescher Vedette Quim Barreiros an Zé Rascunho.

Wéi zu Venedig

Kommt Samschdes, de 10. Februar um 17 Auer an den Zentrum vun Déifferdeng a loosst Iech vum Carnaval vénitien verzauberen. Maacht Fotoen oder Selfien a fillt Iech wéi zu Venedeg. D'Veräiner La LongoVénitienne a Schicki Micki fannt Där op der Maartplaz, an der Zone piétonne an am Parc Gerlache.

Clochard’s-Bal 

Um Fuessamschdeg gëtt dee grousse Clochard’s-Bal ab 21 Auer am Déifferdenger Zentrum gefeiert. En ass mëttlerweil ee vun de beléiftsten a gréisste Fuesbaler am Süde vu Lëtzebuerg. Et spillt dee professionellen, 15 Museker staarke Ginta Fiesta Orchesta. Eng Auswiel vun deene beschte Lëtzebuerger Museker ënnert der Leedung vun hire Leadsänger Al Ginter. Dee selwechten Owend garantéieren och dëst Joer nees de Käpt’n Ändä & Matrous K1000 feat. the Hüettes allerbescht Fuesstëmmung!

Dernieft wäerten de Jeannot Conter a Rol Girres, dee fantasteschen Entertainment-Duo, mat Witz a Partystëmmung all Fuesgeck ameséieren. Domat net genuch suergen an engem 2. Zelt Hoffi-Zambesi fir Mega Stëmmung!

Praktesch Informatiounen

Den Entréespräis an der Oweskeess fir de Clochards-Bal an de Baile dos Mascarados läit bei 15 Euro. En Ticket am Virverkaf kascht 10 Euro. Tickete mat Gratistombola ginn et am Kulturzentrum Aalt Stadhaus an op www.e-ticket.lu. 1. Präis, eng Rees fir 2 Persounen op Päischtcroisière, an den 2. Präis, eng Iwwernuechtung fir 2 Persounen am Hotel-Restaurant „Klenge Casino" zu Déifferdeng, a nach vill aner flott Präisser. 

En plus steet den ëffentlechen Transport (Gare vun Déifferdeng ass op 200 m), dee mam Ticket vun der „RTL-Megafuesend“ gratis ass, zur Verfügung. Och déi 3 Linnen vum Diffbus fuere Freides a Samschdes bis 3 Auer Mueres. Parkméiglechkeete ginn et um Parking des Hauts-Fourneaux. 

„Mini Clochard’s-Bal“ 

Dëst Joer ass déi 8. Editioun vum Mini Clochard’s-Bal“, Fuessonndeg, de 11. Februar tëscht 15 Auer an 18 Auer am Festzelt um Parking Contournement am Zentrum vun Déifferdeng. Fir 5 Euro ka Grouss a Kleng sech formidabel ameséieren. Dernieft ginn et vill flott Präisser ze gewannen.

 Extraes 

Während dem ganze Weekend steet e mobile Bancomat vun der Spuerkeess op der Plaz zur Verfügung.

Fueskiermes 

De ganze Fuesweekend kënnen déi kleng an déi méi grouss Fuesboken op eiser Fueskiermes sech ameséieren.

télécharger l'affiche