schmit-happens.jpg

ScHmIT HAPPENS – Let's Hopp! Fir d'éischt am Süden!

14 juin 2017 | 20 h | Centre sportif Oberkorn | 25 € | réduit: 12,5 €

ScHmIT HAPPENS feiert 2017 scho säi 5. Gebuertsdag!

5 Joer, dat ass am Fong nach jonk. Eng Regierung si mer normalerweis no 5 Joer gär lass. D'Fra ass och no 5 Joer net méi dat, wat mer kennegeléiert hunn, an ee 5er am Lotto ass just den Trouschtpräis.

De Schmit an den Théid sinn no 5 Joer awer nach ëmmer esou frësch a frech wéi 2013 a maachen hiert Allerbescht, fir Iech erëm eng Kéier een agreabelen Owend mat Witz a Show ze bidden…

A fir dat 5. Joer huet et dann endlech geklappt: Déi zwee Onbestiechlech kommen an de Minett!

Also maacht Iech bäi a verpasst dës eenzegaarteg Show net.

Let's Hopp !!!