Wandere fir e gudden Zweck

wanderwoch.jpg

D’Jugendhaus Déifferdeng huet mat engem Grupp Jonker e Wanderprojet fir e gudden Zweck op d’Been gestallt. Et geet drëms, 100 km a 4 Deeg ze packen, also vu Wäisswampech erof op Déifferdeng.
No engem reegelméissegen Training fir a Form ze komme vu Februar bis Mee, ass et elo esou wäit. D’Wanderwoch ass virgesi vum 22. bis de 25 Mee 2018.

Eng Facebooksäit

De ganze Projet ka mat verfollegt ginn op der Facebooksäit „Wandere fir e gudden Zweck 2018”. Do gi während der Wanderwoch reegelméisseg Videoen, Fotoen an Neiegkeeten eropgelueden, wou se mam Projet stinn.

An der Tëschenzäit gëtt de Projet awer och de Weekend vum 5. a 6. Mee um Béierfest an den 19. Mee um Multikulti op der Maartplaz zu Déifferdeng virgestallt.

Ënnerstëtzt de Projet

Jidderee kann de Projet ënnerstëtzen, andeems en en Don op folgend Kontosnummer mécht mat der Mentioun: Wandere fir e gudden Zweck 2018: LU78 0019 6812 6251 9000.
Déi Suen, déi vun de Leit gespent ginn, ginn integral bei folgend Associatioune weidergeleet: Kannerwonsch ASBL, Wonschkutsch ASBL am Amiavy ASBL.

Arrivée

D'Arrivée ass virgesinn de 25. Mee an der Jugendfabrik – Rue Stade Henri Jungers zu Déifferdeng ëm 18.30 Auer.


 

18.05.2018

Lundi de Pentecôte

Veuillez noter que l’administration communale de la Ville de Differdange restera fermée en date du 21 mai 2018, lundi de…

17.05.2018

Le parc Edmond-Dune vandalisé

Le parc Edmond-Dune a malheureusement été vandalisé. Les sculptures ont notamment été renversées et les panneaux de l'exposition…

14.05.2018

Multikulti 2018

Les 19 et 20 mai, la place du Marché de Differdange va se parer de mille couleurs à l’occasion du traditionnel festival…