Jetzt
Neuigkeiten
A- A+

De CIGL Déifferdeng feiert 25 Joer

25 Joer am Déngscht vun de Biergerinnen a Bierger duerch d’Schafung vun Aarbechtsplazen am ëffentlechen Interessi.

Mir, d. h. d’Membere vum Verwaltungsrot, d’Direktioun an d’Personal vum CIGL Déifferdeng wëllen dëst éierbar mat Iech feieren, déi Dir zum gudde Funktionement an der Entwécklung vun eiser ASBL bäidrot. Dofir wäerte mer an deenen éischte 6 Méint vum Joer 2023 déi verschidde Butteker an Déngschtleeschtunge vun eiser ASBL mat verschiddenen Aktiounen ervirhiewen, wou Dir och Äert Gléck um Glécksrad kënnt probéieren, datt an eise véier Butteker opgestallt gëtt. Et waarde vill Iwwerraschungen a kleng Kaddoen op Iech.

Save the Date!
Déi grouss Feier fir 25 Joer ass den 30. Juni 2023 am 1535° Creative Hub.
Eise Projet Mines, d’Naturschoul an de Service Ëmwelt wäerte present sinn.


Okkasiounsbuttik

15.01-14.02

Am Okkasiounsbuttik geet et lass mat de Feierlechkeeten ronderëm d’Glécksrad! Mir profitéieren och vun dësem Ulass, fir den 20. Januar eist neit Geschäft mat ville Gäscht offiziell anzeweien.

33, avenue de la Liberté
L-4601 Differdange

 

Diffwäsch

15.02-04.03

Am Service Diffwäsch wäerten all Clienten e Kaddo kréien! Och déi treiste Clienten, déi dee Mount net d’Chance hunn, um Glécksrad ze dréien, ginn net vergiess.

27, rue Michel-Rodange
L-4660 Differdange

Butzebuttik

15.03-14.04

Déi Adress fir Kanner an hir Elteren: de Butzebuttik! Hei gëtt et keng Verléierer. Dir wäert blénkeg Ae kréien. Loosst Iech iwwerraschen.

18, avenue Charlotte
L-4530 Differdange

Vëlosbuttik

15.04-14.05

De Vëlosbuttik erwaart Iech mat qualifizéiertem Personal. Wann d’Gléck op Ärer Säit ass, verloosst Der de Buttek vläicht souguer mat engem Vëlo als Kaddo!

2, avenue Charlotte
L-4530 Differdange

Service de proximité

15.05-14.06

D’Personal vum Noperschaftsdéngscht bréngt all Client e Kaddo aus der Natur a kleng Iwwerraschungen.

 

Contact

CIGL Differdange
T. 26 58 00 20 1
cigl-differdange.lu

 

Die Audiowiedergabe des Seiteninhalts ist aktiv.

Wiedergabe beenden