Jetzt

Ruffbus Dinola

A- A+

D’Gemeng Déifferdeng huet säit Kuerzem e Ruffbus, deen duerch eis véier Uertschafte fiert: Differdange, Niederkorn, Oberkorn a Lasauvage, dofir heescht en och Dinola!

Dëst ass eng zousätzlech Offer nieft eisem Diffbus. Am Géigesaz zum Diffbus ass den Trajet allerdéngs net gratis, mee kascht zwee Euro.

Dëse Service riicht sech haaptsächlech – awer net nëmmen – u Senioren ab 60. E kann awer och beispillsweis vu schwangere Fraen oder vu Leit mat enger zäitweileger Invaliditéit oder Immobilitéit genotzt ginn (mat Attest vum Dokter).

Den Trajet geet duerch dat ganzt Gemengegebitt an och bis bei de CHEM op Esch. De Sales-Lentz-Bus ass rollstullgerecht an och fir Kannerkutschen ausgeluecht.

Dësen neie Service gouf vun eisem Mobilitéitsservice an Zesummenaarbecht mam Service Senior Plus an eise Kommissiounen ausgeschafft.

 

Méindeg – Mëttwoch – Freideg: 9:00-14:00
Dënschdeg – Donneschdeg – Samschdeg:  9:00-18:00

2 € fir eng Faart

T.: 8002 2020

 

Kontakt

Département circulation et mobilité
T.: 58771-1487 /-1485

 

Die Audiowiedergabe des Seiteninhalts ist aktiv.

Wiedergabe beenden