Jetzt

Events

Alex Bissen et Ben Cuglietta

08 Juni - 01 Juli 2023

10:00 - 18:00

Aalt Stadhaus – Foyer 1er étage

Gratis

Den Alex Bissen ass e jonke Kënschtler aus dem Süde vu Lëtzebuerg mee ass momentan op der Uni zu Berlin.

An der Ausstellung wäert hie Wierker aus deene leschten zwee Joer weisen. Seng Biller sinn en absurd Zesummespill vun Zoufall an ironescher Iwwerleeung, ëmgesat op eng faarweg an deelweis ignorant Aart a Weis. D’Biller verweisen am Zesummenhang mam Titel op en zoufällegen Gedankegang, dee meeschtens zum Schmunzelen oder vläicht esouguer zum Iwwerleeën ureegt.

De Ben Cuglietta ass en 19 Joer jonke Student fir Maschinnebau-Ingenieur. Hien inspiréiert sech vun der Street- a Pop-Art-Kultur, mat där hie seng eegen Iddie kombinéiert. An den Tabloe fënnt een Ikone vun deemools, esouwéi vun hautdesdaags a Parallellen, déi Problemer an eiser moderner Gesellschaft opgräifen.

Hien huet d’Zil, seng Biller engem gréissere Publikum ze weisen an dofir ass hien ëmsou méi glécklech, kënnen un dëser Ausstellung deelzehuelen.

 

Plus d'information


Merci de consulter www.stadhaus.lu pour toute information supplémentaire concernant le détail des prix, le statut de l’évènement ou d’autres informations pratiques.

 

Die Audiowiedergabe des Seiteninhalts ist aktiv.

Wiedergabe beenden