Esch-sur-Alzette Europen Capital Of Culture
Jetzt

Events

Porte ouverte du Club Senior Prënzebierg

18 September 2021

14:00 - 18:00

Club Senior Prënzebierg

Gratis

Sidd Dir virwëtzeg a wëllt wëssen, wéi et am Club Senior Prënzebierg ass? Wat mer alles maachen a virun allem eis kenneléieren? Dir hat nach ni d’Geleeënheet, bei eis laanschtzekommen? Ma da gëtt et héich Zäit!

All déi, wou eis scho kennen, sinn natierlech e Samschdeg, den 18. September vu 14 bis 18 Auer och agelueden! Nieft enger Begréissung mat engem Club-Cocktail, deen dëst Joer um „grénge Vëlo“ zoubereet gëtt, enger Diashow souwéi der Méiglechkeet, en Tour mat enger Rikscha ze fueren, hu mer deen Dag och de Vernissage vun der Ausstellung „Freed um Molen“ mat Biller, déi an eise Molconcourse realiséiert goufen.

D’Ausstellung ass nach vum 20. bis de 24. September (Méin.: 13-17 Auer, Dën.-Fr.: 9-17 Auer) ze gesinn. Fir mat der Rikscha ze fueren, musst Dir Iech virdrun umellen. Den Dag leeft ënnert dem CovidCheck.

 

Die Audiowiedergabe des Seiteninhalts ist aktiv.

Wiedergabe beenden