Esch-sur-Alzette Europen Capital Of Culture
Jetzt
Neuigkeiten
A- A+

Kleng Schrëtt: Aktiv Mobilitéit

E klenge Schrëtt fir mech.
E grousse Schrëtt fir meng Ëmwelt.

D’Stadt Déifferdeng mécht mat beim Projet Kleng Schrëtt. Dëse Projet gëtt vun der Ëmweltberodung Lëtzebuerg a.s.b.l. koordinéiert, a Kooperatioun mat natur&ëmwelt a mam Mouvement Youth for Climate Luxembourg.

De Klimawandel ass e Fakt, mee keng Fatalitéit géint déi et kee Mëttel gëtt. Falsch ass déi verbreete Meenung, datt een Eenzelnen näischt dogéint maache kann. Grouss Schrëtt si wichteg, mee bei dësem Projet geet et drëms, kleng Schrëtt ze deelen, déi jiddereen a sengem Alldag ëmsetze kann.

All zwee Méint gëtt een anert Theema an de Fokus gesat.
Vu Juli bis August ass et d’Theema „Aktiv Mobilitéit“.

Méi wëssen

 

Informatiounen, Fakten, Spiller a méi op

klengschrett.lu

 

Die Audiowiedergabe des Seiteninhalts ist aktiv.

Wiedergabe beenden