Jetzt
Neuigkeiten
A- A+

Verbannt Iech mat Äre Kanner, ier se sech mat hirem Smartphone verbannen

Informatiounsowend de 15.6.2023 um 19 Auer am Hall O

Scho vun klengem Alter u sinn d’Kanner vu Bildschiermer ugezunn.

  • Digital Medie sinn omnipresent. Awer wéi vill ass ze vill?
  • Wat fir eng Bedeitung huet déi virtuell Welt fir d’Kanner an och fir ons als Elteren?
  • Wéi gi mir an der Famill mat dëse Medien ëm?
  • Wéi kann ech d’Aart a Weis, wéi mäi Kand déi digital Medien notzt, beaflossen?
  • Wat brauch mäi Kand, fir an der realer (an och virtueller) Welt gutt eens ze ginn a sech gesond ze entwéckelen?

Et komme vill Froen op, wann et ëm de Mediegebrauch geet. Dësen Informatiounsowend probéiert, all dës Froen ze beäntweren. No der Presentatioun ass eng Diskussiounsronn virgesinn.

Op Lëtzebuergesch mat simultaner Iwwersetzung op Franséisch, Englesch a Portugisesch.

  • Umeldung bis den 1. Juni op: www.differdange.lu/digital-world
  • Begréissung duerch d’Buergermeeschtesch Christiane Brassel-Rausch
  • Éierewäin
  • Kannereck op der Plaz

Organiséiert vum Service d’éducation et d’accueil vun der Stad Déifferdeng an Zesummenaarbecht mam CNAPA, Centre national de prévention des addictions.

 

Kontakt

Service d’éducation et d’accueil
T.: 58 77 1-1423 /-1231
E-Mail

 

Die Audiowiedergabe des Seiteninhalts ist aktiv.

Wiedergabe beenden