D’Feierdeeg stinn (nach net grad) virun der Dier. Hei si schonn déi wichtegst Datumer, fir an de Kalenner ze schreiwen.
Hobbymaart | 18. an 19. November | Maartplaz
Den Optakt mécht den Hobbymaart den 18. an 19. November op der Déifferdenger
Maartplaz. Organiséiert vun de Käschtefrënn Déifferdeng erwaarden Iech 22 Stänn op dësem Maart. Fir de klengen (a groussen) Honger ass gesuergt: Et gëtt Gegrills, Kuch– an natierlech Käschten.
Adventsmaart | 24. bis 26. November | Lasauvage
De Weekend vum 24. bis de 26. November organiséieren d’Lanz Bulldog Frënn hiren traditionellen Adventsmaart op der Zowaasch. D’Ouverture ass de 24. November um 18.30 Auer mat Concerten an engem Cortège vun den Zowaascher Schoulkanner. An de 26. November kënnt de Kleeschen op Besuch.
Ouverture vum Chrëschtmaart | 1. Dezember | Maartplaz
Den 1. Dezember um 18.30 Auer ass d’Ouverture vum Déifferdenger Chrëschtmaart op der Maartplaz. De Chrëschtmaart ass da bis den 21. Dezember vu mëttwochs bis sonndes vu 14 bis 20 Auer op. Freides a samschdes ass e bis 22 Auer op. Nieft den traditionelle Stänn gëtt et erëm eng syntheetesch Äispist, Concerten, en Après-Ski an ee Karussell.
Programm
De « Schwaizer Chalet » ass all Dag op och Méindes an Dënschdes an och bis den 22.12. nach mat. D’Telefonsnummer fir eng Réservatioun ass den 691 240 765.
Expo „Lëtzebuerger Klengdéierewelt“ | 1.-21. Dezmber | Foussgängerzon
Vum 1. bis den 21. Dezember kënnt Dir an der Foussgängerzon vun Déifferdeng déi kleng Déiere aus de Lëtzebuerger Bëscher kenneléieren. Profitéiert vum Besuch um Chrëschtmaart, fir lech des Ausstellung vun der Administration de la nature et des forêts unzekucken.
D’Ausstellung ass op: mëttwochs bis sonndes vu 14 bis 20 Auer.
Cortège fir Kleeserchersdag | 2. Dezember | Déifferdeng
Dir wëllt de Kleesche begéinen? En huet eis verroden, datt en den 2. Dezember ab 14 Auer duerch d’Stroosse vun eiser Stad zitt. Vum Parking Centre-ville duerch den Zentrum bis op d’Maartplaz. Hie freet sech, Iech a grousser Zuel do ze gesinn.
Bärbelendag | 4. Dezember | Lasauvage
De 4. Dezember bei der Bärbelsfeier ginn all Joer d’Minnenaarbechter geéiert. D’Gerbe gëtt dëst Joer um 19 Auer beim Monument des Mineurs néiergeluecht. De Cortège start um 19.15 Auer an d’Mass ass um 19.30 am Festsall. D’Minièresbunn Doihl fiert um 20.20 Auer lass, an d’Receptioun ass um 19.30 Auer an der Galerie vun der Minn Doihl.
Chrëschtconcert vun der Museksschoul | 13. Dezember | Nidderkuerer Kierch
Den 13. Dezember um 18.30 Auer organiséiert d’Déifferdenger Museksschoul den traditionelle Chrëschtconcert an der Kierch zu Nidderkuer. Nom Concert fënnt dann nach d’Diplomiwwerreechung statt.
Kontakt
Festivitätsabteilung
T. 58771-1905 / 58771-1916
E-mail