Now
16 October 2023
19:30
Aalt Stadhaus – Salle de spectacle
6€
Lëtzebuerg 1962. Den 2. Weltkrich ass nach net ganz vergiess, d’Russen an d’Amerikaner leie sech an den Hoer. Den 12 Joer alen Norbi wëllt wëssen, wat e Gielemännchen ass an intresséiert sech fir d’Geheimnisser vun der Sexualitéit. Virun allem awer géif hie gäre wëssen, wat dee „P“ bedeit, deen en a sengem Papp sengem Agenda fonnt huet. Kee gëtt him Äntwerten op seng Froen an esou muss den Norbi selwer erausfannen, wat et mat all deene Saachen op sech huet.
Dem Jhemp Hoscheit säi Roman „Perl oder Pica“ gouf 1998 fir d’éischt bei den Editions Schortgen publizéiert a krut 1999 de Servais-Präis. Déi aacht Oplo vum Buch gouf et 2022. De Roman gouf 2005 vum Pol Cruchten (1963-2019) no engem Dréibuch vum Viviane Thill verfilmt. (2007 Prix du Public beim 3. Lëtzebuerger Filmpräis.)
Nom Film erzielt de Jhemp Hoscheit e wéineg driwwer, wéi et vum Buch zum Film koum. Dëse Prozess huet hien och schrëftlech festgehalen an enger Chronik, déi de Centre culturel vun Déifferdeng am Joer 2009 als éischt Nummer vu senger Serie Galerie.dok erausbruecht huet.
Merci de consulter www.stadhaus.lu pour toute information supplémentaire concernant le détail des prix, le statut de l’évènement ou d’autres informations pratiques.
Audio playback of the page content is active.
Stop playback