D’Europäesch Mobilitéitswoch fënnt all Joer vum 16. bis 22. September statt a steet dëst Joer ënnert dem Theema „Zero-emission mobility for all“. Och dëst Joer setzt d’Stad Déifferdeng sech fir eng nohalteg an douce Mobilitéit an, déi eng besser Liewensqualitéit fir all d’Biergerinnen a Bierger bedeit. D’Zil vun der Europäescher Mobilitéitswoch ass et, de motoriséierten Trafic an de Stied ze reduzéieren an d’Bevëlkerung ze sensibiliséieren, wéi eng Konsequenzen de Choix vun hirem Transportmëttel fir d’Ëmwelt huet.
Dofir huet d’Stad Déifferdeng vum 14. bis den 22. September verschidden Aktioune geplangt, wéi zum Beispill d’Campagne Pimp my bike, en Trëppeltour zu Lasauvage, e Vëlostour duerch Uewerkuer an e Vëlosparcours zesumme mam Suzie Godart, Europameeschterin am MTB Cross-Country 2019. D’Aktivitéiten hale sech un d’Sécherheetsmoossnamen am Kader vun der COVID-19-Pandemie. Bei den Trëppel- resp. Vëlostier gëtt et versaten Departen, sou datt d’Leit net zesummen a grousse Gruppe fortginn a kënnen Distanz halen. Bei verschiddenen Aktivitéite kënnt Dir Stempele sammelen an domadder flott Präisser gewannen! Also maacht fläisseg mat!
De 14. September gëtt d’Mobilitéitswoch op der Place des Alliés agelaut an d’Mobilitéitskommissioun mécht zesummen mam Schäffen- a Gemengerot e Vëlostour. Am Kader vun der Mobilitéitswoch gëtt och den neie Ruffbus vun der Gemeng Déifferdeng virgestallt.
Programm
14.9. | 18 h | Place des Alliés
Offiziell Ouverture: Vëlostour mat Membere vu Schäfferot, Gemengerot a Kommissiounen
18.9. | 11 h | Aalt Stadhaus
Presentatioun Ruffbus DiNOLa
19.9. | ab 10 h | Place des Alliés & Schoulhaff Fousbann
Präisiwwerreechung* Concours Pimp my bike
Vëlostour* (9 km) duerch Uewerkuer zesumme mam Club Cycliste International de Differdange ➔ Plang
Vëlosparcours* mam Suzie Godart (Europameeschterin am MTB Cross-Country 2019) op der Place des Alliés
20.9. | ab 10 h | Place de Saintignon
Trëppeltour* (7 km) duerch Lasauvage, an Zesummenaarbecht mat Espérance Differdange
Initiatioun an den Nordic Walking* zu Lasauvage. Et besteet d’Méiglechkeet, Iech Bengelen ze léinen. Méi Infos um T. 621 361 227 (M. Emile Sadler)
22.9. | 15 h–18 h | Schoulhaff Fousbann
Vëlosparcours* mam Suzie Godart (Europameeschterin am MTB Cross-Country 2019) am Schoulhaff Fousbann
*Sammelt bei dësen Aktivitéite Stempelen a gewannt flott Präisser!
www.mobiliteitswoch.lu