Now

Events

Virowend vun Nationalfeierdag

22-23.06

20:00 - 3:00

Centre-ville

Free

Programm

Dat grousst Volleksfest um Virowend vum Nationalfeierdag ass zu Déifferdeng schonn Traditioun. No der Ried vun eiser Buergermeeschtesch op der Maartplaz, fanne bis an d’Nuecht era Concerten am Déifferdenger Stadzentrum statt. Och dëst Joer ass nees eng Droneshow, déi Grouss a Kleng faszinéieren dierf.
Ronn zwanzeg lokal Veräiner garantéiere fir eng ofwiesslungsräich Restauratioun.

Wosst Dir dat?
Nationalfeierdag zu Lëtzebuerg gouf ursprénglech agefouert, fir de Gebuertsdag vum Groussherzog ze feieren. Dëst huet ugefaange mam Gebuertsdag vun der Grande-Duchesse Charlotte, déi den 23. Januar 1896 op d’Welt koum. Dësen Datum louch am Wanter, dofir gouf decidéiert, d’Feierlechkeeten op e spéideren Datum ze verleeën, den 23. Juni. Dësen Datum gouf dann och vun all de Nofollger bäibehalen.

 

Audio playback of the page content is active.

Stop playback