Esch-sur-Alzette Europen Capital Of Culture
Now
Note As of Monday, 2 May 2022, the following new opening hours will apply for the offices of the administration of the City of Differdange: Monday to Friday: 8 am – 11:30 am & 1:30 pm – 4:30 pm. Biergeramt: Saturdays from 9 am – 1 1 am. Close
News
A- A+

Save the date – Virowend vum Nationalfeierdag

Dat grousst Volleksfest um Virowend vum Nationalfeierdag ass zu Déifferdeng schonn Traditioun. No der Ried vun eiser Buergermeeschtesch op der Maartplaz, fanne bis an d’Nuecht era Concerten am Déifferdenger Stadzentrum statt.

Nei ass dëst Joer eng Droneshow, déi grouss a kleng faszinéieren dierf. Ronn zwanzeg lokal Veräiner garantéieren fir eng ofwiesslungsräich Restauratioun.

Wosst dir dat?
Nationalfeierdag zu Lëtzebuerg gouf ursprénglech agefouert fir de Gebuertsdag vum Groussherzog ze feieren. Dëst huet ugefaange mam Gebuertsdag vun der Grande-Duchesse Charlotte, déi den 23. Januar 1896 op d’Welt koum. Dësen Datum louch am Wanter, dofir gouf decidéiert d’Feierlechkeeten op e spéideren Datum ze verleeën, den 23. Juni. Dësen Datum gouf dann och vun all de Nofollger bäibehalen.

 

Programm

Foussgängerzone

20:00 – Stroossenartisten
20:00 – Swede Sensation, The Abba Tribute Show
22:30 – House Of Fr3edom
23:30 – Drone Show mat Live Musek vum Packo Gualandris
0:00 – House Of Fr3edom

Cortège

18:30 – Te Deum (Uewerkuerer Kierch)
19:15 – Rassemblement Cortège (Parking Aquasud / Rue Jeannot Kremer)
19:30 – Start vum Cortège

Maartplaz

20:00 – Ried vun der Buergermeeschtesch
20:15 – Les Gavroches
22:30 – Fade To Gray
23:30 – Drone Show mat Live Musek vum Packo Gualandris
0:00 – Fade To Gray

 

Diffbus

Den Diffbus fiert an der Nuecht vum 22. op den 23. Juni:

Linn 1 : Leschten Depart um 1:59
Linn 2 : Leschten Depart um 1:45
Linn 3 : Leschten Depart um 1:49
Linn 4 : Leschten Depart um 1:54

 

Audio playback of the page content is active.

Stop playback