jonn-happi-foto-kopie.jpg

Spectacle de clown: Jonn Happi Super Show

19.02.2019 | 15h | Aalt Stadhaus | 10 €

Endlech ass hien zeréck. Back in the house! Dat Bescht aus de leschten 30 Joer Jonn-Happi- Bühneshow ass elo an eng eenzegaarteg Super-Show gepaakt ginn. Zäitgenësseg, elegant a charmant titelt sech den Jonn Happi selwer. Seng Show ass e Cocktail aus Ironie, Talent, Opreegung, Pannen an Applaus.

Ob Zirkus, Zauberei oder Danz, den Jonn Happi meeschtert einfach alles. Komm laanscht, iwwerzeeg dech selwer an deel des schéi Momenter zesumme mam Jonn Happi a sengem charmante Publikum.

Iddi & Realisatioun: Marc Strasser
Mise en scène: Kevin Brooking & Marc Strasser
Supervisioun & Mentoring: Raphael Faramelli & Michel Hermann (RIP)
Konzept Kuliss: Jörg Svenson, Marc Strasser
Konzept Kostüm: Lara Walker, Marc Strasser