Kannerparad.jpg

Kannerparad

25. Juni 2019 | 14h30 | rue Emile Mark & Maartplaz | gratis

D'Kannerkommissioun organiséiert de 25. Juni eng Kannerparad, déi duerch d'Stroosse vun Déifferdeng geet. Dëst Joer steet alles ënnert dem Thema Bauerenhaff. Kommt kucken, wat d'Kanner an hir Enseignantë sech dëst Joer afale gelooss hunn!

D'Parad geet um 14:30 Auer am Schoulhaff an der Rue Emile Mark lass a kënnt géint 15 Auer op der Maartplaz zu Déifferdeng un. No der Parad trieden de Georges Christen an d'Line Dancers vu Schëffleng op. Och e Sprangschlass fënnt een hei, a flott Ateliere gi bis 17:30 Auer vum Animateam ugebueden.