megafuesend.jpg

RTL- Megafuesend zu Déifferdeng

01.-03.03.2019 | 21h | Parking Centre-ville Differdange | 15 €

Freides, 1 mars | 19 | Malle Alaaf

Samsdes, 2 mars | 21 | Clochard's bal

Sonndes, 3 mars | 15h-18h | Mini Clochard's bal

D’Stad Déifferdeng organiséiert an Zesummenaarbecht mat senger „Commission des Festivités“ a véier lokale Veräiner déi 12. Editioun vum Fuesweekend „RTL-Megafuesend“ zu Déifferdeng, an dat vu freides, den 1. Mäerz bis sonndes, den 3. Mäerz um Parking Centre-ville am Zentrum vun Déifferdeng.

Malle Alaaf mat den Headliner Ikke Hüftgold an Lorenz Büffel 

De Startschoss vun der „RTL-Megafuesend“ ass Freides, de 1. März ab 19 Auer mat eise bekannten DJ’ën Hoffi Zambezi an direkt am Uschloss schon um 20.30 Auer de Lorenz Büffel. Mat enger super Besetzung geet et virun, nieft dem Ikke Hüftgold kommen nach bekannten Artisten wéi d’Isi Glück, Axel Fischer, Honk an Tobee.

Dësen Event ass e „Must“ fir all Après Ski a Malle Geck!!!

Clochard’s-Bal

Um Fuessamschdeg gëtt dee grousse Clochard’s-Bal ab 21 Auer am Déifferdenger Zentrum gefeiert. En ass mëttlerweil ee vun de beléiftsten a gréisste Fuesbaler am Süde vu Lëtzebuerg. Fir allerbeschte Fuesstëmmung suergen dëst Joër ganz nei de bekannten Orchester Noisemakers zesummen mat eiser traditionneler Besetzung dem Käpt’n Ändä & Matrous K1000 feat. the Hüettes.

Dernieft wäerten de Jeannot Conter a Rol Girres, dee fantasteschen Entertainment-Duo, mat Witz a Partystëmmung all Fuesgeck ameséieren.

Praktesch Informatiounen 
Den Entréespräis an der Oweskeess fir de Clochard‘s-Bal läit bei 15 Euro. En Ticket am Virverkaf kascht 10 Euro. Tickete mat Gratistombola ginn et am Kulturzentrum Aalt Stadhaus an op www.e-ticket.lu. En plus steet den ëffentlechen Transport zur Verfügung (Gare vun Déifferdeng ass op 200 m), dee mam Ticket vun der „RTL-Megafuesend“ gratis ass.

www.megafuesend.lu

Affiche Malle Alaaf
Affiche Clochard's Bal