megafuesend-kopie.jpg

Bal: Mega-Fuesend zu Déifferdeng

01.-03.03.2019 | 21h | Parking Centre-ville Differdange | 15 €

D’Stad Déifferdeng organiséiert an Zesummenaarbecht mat senger „Commission des Festivités“ a véier lokale Veräiner déi 12. Editioun vum Fuesweekend „RTL-Megafuesend“ zu Déifferdeng, an dat vu freides, den 1. Mäerz bis sonndes, den 3. Mäerz um Parking Centre-ville am Zentrum vun Déifferdeng.

Clochard’s-Bal
Um Fuessamschdeg gëtt dee grousse Clochard’s-Bal ab 21 Auer am Déifferdenger Zentrum gefeiert. En ass mëttlerweil ee vun de beléiftsten a gréisste Fuesbaler am Süde vu Lëtzebuerg. Och dëst Joer garantéieren nees de Käpt’n Ändä & Matrous K1000 feat. the Hüettes allerbescht Fuesstëmmung!

Praktesch Informatiounen
Den Entréespräis an der Oweskeess fir de Clochard‘s-Bal läit bei 15 Euro. En Ticket am Virverkaf kascht 10 Euro. Tickete mat Gratistombola ginn et am Kulturzentrum Aalt Stadhaus an op www.e-ticket.lu. En plus steet den ëffentlechen Transport zur Verfügung (Gare vun Déifferdeng ass op 200 m), dee mam Ticket vun der „RTL-Megafuesend“ gratis ass.

www.megafuesend.lu

Affiche Malle Alaaf
Affiche Clochard's Bal