art-vivant.jpg

Art Vortex – salon de l'art vivant

du 23 novembre au 8 décembre 2019 | 16 h - 19 h | Espace H2O | Entrée libre

Invité d'Honneur: Stéphane Alfonsi, artiste calligraphe

Den Art Vivant feiert 2019 seng 75 Joer, 75 Joer, déi duerchtränkt ware vu Faarwen, Konscht, Kultur an och vu mënschleche Kontakter a Kreativitéit, verbonne mat vill Freed a Schaffen. Et war eng Mëschung vu Kultur a Kulturen, Schweess a Freed an och mol Tréinen, déi den Art Vivant zu deem gemaach hunn, wat en elo ass.

D'Konscht léisst sech net festleeën; si ass widderspréchlech an huet en extrem verännerlecht Banneliewe voller Emotiounen, mat Héichten an Déiften. All eenzelne Kënschtler ass op seng Manéier grad esou komplex an intressant.

Am Art Vivant kann ee sech entwéckelen, sech goe loossen an de Risiko och mol huelen, eppes komplett Neits ze presentéieren an ze probéieren, esou datt een de Kënschtler grad esou wéineg festleeë ka wéi seng Gefiller oder seng Konscht, déi hien am Art Vivant stéckelchersweis virféiert.

Vernissage & Nocturnen

De Vernissage vun der Ausstellung fënnt den 22. November 2019 um 19h30 statt. Duerno ass d'Ausstellung all Dag vu 16h bis 19h op.

Zwou Nocturnë fannen den 29. November an de 6. Dezember bis 21 Auer statt, mat Livemusek, Iessen an Drénken. En Atelier de calligraphie „Le Scriptôgramme" fënnt den 29. November während der Nocturne statt.