Internet.jpg

Theater "De Bretzert"

Samschdeg, den 8. Dezember, 20h

Sonndeg, den 9. Dezember, 18h

Freideg, den 14. Dezember, 20h

Samschdeg, den 15. Dezember, 20h

Sonndeg, den 16. Dezember, 18h

Freideg, den 21.  Dezember, 20h

Samschdeg, den 22. Dezember, 20h

Samschdeg, den 12. Januar, 20h

Freideg, den 18. Januar

Samschdeg, den 19. Januar

Sonndeg den 20. Januar, 18h

Réservatiounen: www.tmd.lu oder Tel 691 616 587 (Méindes bis Freides vun 18h bis 20h)

Erwuessener 12 €; Kanner (bis 16 Joër) 8 €


Ët sin elo quasi op den Dag genee 25 Joër hir, dass den Déifferdenger Theatergrupp dem Norbert Weber säi Meeschterwierk «De Bretzert» opgefouert huet! Een onvergänglecht Wierk vun engem vun de bedeitendsten Lëtzebuerger Auteuren an zudem nach de gréissten Publikumserfolleg vum Déifferdenger Theater! Zäit demno, «De Bretzert» nees op den Ordre du jour ze setzen an de Public mat engem vun de beschte Stécker aus dem Lëtzebuerger Réper-toire ze erfréen.

Em wat geet ët dann am Norbert Weber séngem « De Bretzert»? Ëm villes an nach méi. An nëtt zu läscht em Respekt a Versteesdemech fir de Mënsch, an eisem Fall speziell fir de Jupp. Hiën huet ët nëtt einfach, De Jupp, de Koschter. Nëtt doheem, an och soss nëtt. Keen hëllt hië fir voll, ausser wann hiën ët as.

D’Funsel, séng Fra, baatscht him der all Dag, kee Réck wäit a breet as sou huël a blo wéi dem Jupp säi Réck. Mä d’Funsel mengt ët nëmme gutt, probéiert hatt dach esou dem Jupp säin iwwerméissechen Alk-oholkonsum - mat deem hiën säi Misär wëll ersaufen - an der Gitt an esou de Stot zesummen ze halen. Mä enges Dags, wann de Jupp nees zevill gesouc-kelt huet, geschitt eppes... Waat, sief elo hei nëtt verroden. Nëmmen esou vill, beim Norbert Weber sengem Hit «De Bretzert» langweilt bestemmt kee sech!

Et spillen: Jean-Marc Calderoni, Patricia Apel-Breuer, Chantal Mentz-Nether, Claude Leus, Jules Orlando, Claude Greisch, Jessica Pauly, Romain Pierrot, Roland Flenghi, Marc Leyers, Gaby Calderoni-Logelin, Nicole Wohl
a Lex Neu
Regie: Jean-Marc Calderoni
Assistenz: Muriel Galeazzi, Romain Graul, Romi Bei Angeloni
Luucht & Sound: Muriel Galeazzi a Jean-Marie Heiar
Grimmage a Gezei: Carole Mancini, Sandra Castiglia
Technik a Bühnebau: Technesch Equipe vum Déifferdanger Theater

 

Télécharger l'affiche