Esch-sur-Alzette Europen Capital Of Culture
Maint.
Attention Le formulaire d'inscription aux maisons relais de la Ville de Differdange sera en ligne du 20 février au 3 mars 2023. Le certificat d'emploi 2023-2024 peut être téléchargé ici. Fermer

Events

Eng Kiermes wéi fréier

28 mai 2023

10:00 - 19:00

Lasauvage

Gratuit

Denkt Dir heiansdo mat Nostalgie un d’Kiermessen aus Ärer Kandheet? Hutt Der vläicht Loscht, mat Äre Kanner oder Enkelkanner déi wonnerschéin Atmosphär nach eng Kéier ze erliewen?

D’Stad Déifferdeng organiséiert eng Kiermes wéi fréier op der Place Saintignon op der Zowaasch. Erlieft eng Rees an d’Vergaangenheet zesumme mat Ärer Famill, ameséiert Iech um Riserad, beweist, datt Der dee Stäerkste sidd mam Spill Hau den Lukas a profitéiert vun de Karussellen, den Dousewurfstänn an de Stroossenanimatiounen – natierlech mat Dréiuergel a Poppentheater!
Z’iessen an ze drénke gëtt et selbstverständlech och, zum Beispill Zockerwatt a gegrillte Marshmallows.

E Maart mat regionale Produiten
Dee selwechten Dag zur selwechter Zäit proposéieren Iech op der Zowaasch Händler aus dem ganze Land regional Produite wéi Brout, Uebst, Geméis, Fleesch …
Wann Der frësch, qualitativ héichwäerteg Produiten aus der Regioun gär hutt, da verpasst dës eemoleg Occasioun net, lecker Produiten ze entdecken vu lokale Produzenten, déi hir Aarbecht mat Leidenschaft a vill Know-how maachen.

De FUSILLI-Projet organiséiert reegelméisseg Workshops iwwer gesond an nohalteg Ernierung an invitéiert Iech häerzlech, dorun deelzehuelen.

 

La lecture audio du contenu de la page est active.

Arrêter la lecture