Maint.

Events

Eng Kiermes wéi fréier a regionale Maart

05 juin 2022

10:00 - 19:00

Place de Saintignon

Fräien Entrée

Denkt dir heiansdo mat Nostalgie un d’Kiermessen aus ärer Kandheet? Hutt der vläicht Loscht, mat äre Kanner oder Enkelkanner déi wonnerschéin Atmosphär nach eng Kéier ze erliewen? D’Stad Déifferdeng organiséiert eng Kiermes wéi fréier op der Place Saintignon op der Zowaasch. Erlieft eng Rees an d’Vergaangenheet zesumme mat ärer Famill, ameséiert iech um Riserad, beweist datt der dee Stäerkste sidd mam Spill Hau den Lukas a profitéiert vun de Karussellen, den Dosewurfstänn an de Stroossenanimatiounen – natierlech mat Dréiuergel a Poppentheater!

Z’iessen an ze drénken gëtt et selbstverständlech och, zum Beispill Zockerwatt a gegrillte Marshmallows.

Maart mat regionale Produiten
Dee selwechten Dag zur selwechter Zäit op der Zowaasch proposéieren iech Händler aus dem ganze Land regional Produite wéi Brout, Uebst, Geméis, Fleesch… Wann der frësch, qualitativ héichwäerteg Produiten aus der Regioun gär hutt, da verpasst dës eemoleg Occasioun net, lecker Produiten ze entdecken vu lokale Produzenten, déi hir Aarbecht mat Leidenschaft a vill Know-how maachen.

De FUSILLI Projet organiséiert Workshops iwwer gesond a nohalteg Ernierung an invitéiert iech häerzlech dorun deel ze huelen.

 

Programm

 

 

La lecture audio du contenu de la page est active.

Arrêter la lecture