E Film vum Tom Alesch.
Zu Lëtzebuerg hu mer Mëtt Februar schonn all d’Ressource verbraucht, déi d’Äerd eis fir ee Joer bereetstellt. Op Dauer ass et natierlech net méiglech méi ze verbrauchen, wéi eise Planéit eis bidde kann. Dofir brauche mir Iddien, wéi mer eis Ressource schounen an awer gutt liewe kënnen. De Film „Eng Äerd“ weist Mënschen, déi sech zesummen di fir mat vill Kreativitéit nei Weeër auszeprobéieren, fir méi sënnvoll a solidaresch mat eisen natierleche Ressourcen ëmzegoen.
Eng Kooperatioun mat: CNA, CELL, Syndicat Intercommunal „De Réidener Kanton“, Ministère de l’Environnement, Climat et du Développement durable, Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte
No der Projektioun vum Film wäerten mir a Gruppen Diskussiounsronnen op maachen, fir di lokal Transitiounsinitiativen esou ze verstäerken.
Kommt a macht mat!
Weider Infoen: www.engaerd.lu | Umeldung | Flyer
Initiativen aus dem Film fannt Dir hei.