Maint.

Events

Kleserchersgeschichte

07 décembre 2023

10:00

Aalt Stadhaus – Salle de spectacle

12€

D’Erwaardung ass grouss, wa Kleeserchersdag nees virun der Dier steet. D’Tellere sti bereet an d’Kanner sinn immens opgereegt.

Dat klengt Liischen wëll allerdéngs net waarde bis den nächste Mueren. Mat sengem Teddybier am Grapp schläicht hatt sech heemlech erof an d’Kichen. Ma wat hatt do erlieft, hätt et a senge kéngsten Dreem net gedreemt.

Mat vill Musek a bekannte Melodië fir matzesummen a matzesangen, kréien d’Geschichten op der Bün e neit Liewen. D’Kanner wäerte staunen an déi Grouss e bësse schmunzelen. De Kleesche muss sech net nëmme mat neimoudesche Kannerwënsch ausenanersetzen, ma en däerf och net am Parkverbuet parken. A wéi erkläert een nëmmen engem Polizist, datt et keng Carte d’identité fir e Kleesche gëtt?

Plus d'information


Merci de consulter www.stadhaus.lu pour toute information supplémentaire concernant le détail des prix, le statut de l’évènement ou d’autres informations pratiques.

 

 

La lecture audio du contenu de la page est active.

Arrêter la lecture