Maint.
30 mars 2020
20:00 - 21:30
Bibliothèque municipale de Differdange
Gratuit
D’Josiane Kartheiser ass 1950 zu Déifferdeng gebuer, huet englesch an amerikanesch Literatur studéiert, als Joumalistin a Literaturkritikerin geschafft a Lëtzebuergeschcoursë fir Erwuessener ginn. Si huet Kannerbicher an Theaterstécker geschriwwen an eng Rei Bicher fir Erwuessener publizéiert mat Cabaret, Glossen, Reestexter, Kuerzgeschichten a Kuerzkrimien. Si schreift op Lëtzebuergesch an op Daitsch, ass Member vum Institut Grand-Ducal a krut 2010 den Anne-Beffort-Präis vun der Stad Lëtzebuerg. Si liest aus hiren dräi leschte Bicher, „Kauf dir doch ein Leben“, „Ech a mäi Selfie“ an „D’Zukunft läit am Avenir“. Si gëtt musikalesch vum Nathalie Morettoni a vum Linda Vandewalle begleet.
La lecture audio du contenu de la page est active.
Arrêter la lecture