13. Editioun
D’Stad Déifferdeng organiséiert an Zesummenaarbecht mat senger „Commission des Festivités“ a véier lokale Veräiner déi 13. Editioun vum Fuesweekend „Megafuesend“ zu Déifferdeng.
Malle Alaaf
Nom grousse Succès vum leschte Joer ass dëst Joer freides, den 21. Februar ab 19 Auer déi 2. Editioun vum Malle Alaaf, mat den Atzen, Lorenz Büffel, Isi Glück, Tim Toupet an Hoffi Zambesi.
Clochardsbal
Um Fuessamschdeg gëtt dee grousse Clochardsbal ab 21 Auer gefeiert. En ass mëttlerweil ee vun de beléiftste Fuesbaler am Süde vu Lëtzebuerg. Och dëst Joer garantéieren de Käpt’n Ändä & Matrous K1000 feat. the Hüettes mam Sandy Botsch a Lisa Mariotto souwéi de Jeannot Conter a Rol Girres allerbescht Fuesstëmmung! Nei dëst Joer ass, dass en Deel vum Erléis fir den Télévie gespent gëtt an de Service an eiser Schampesbar vun RTL-Promië gemaach gett.
Praktesch Informatiounen
Den Entréespräis an der Oweskeess läit bei 15 Euro. En Ticket am Virverkaf kascht 10 Euro. Tickete mat Gratistombola ginn et am Kulturzentrum Aalt Stadhaus an op www.luxembourg-ticket.lu. En plus steet den ëffentlechen Transport zur Verfügung (Gare Déifferdeng an Uewerkuer), dee mam Ticket vun der „Megafuesend“ gratis ass.
Mini-Clochardsbal
Dëst Joer ass déi 10. Editioun vum Mini-Clochardsbal, Fuessonndeg tëscht 15 an 18 Auer. Fir 5 Euro ka Grouss a Kleng sech formidabel ameséieren. Dernieft ginn et vill flott Präisser ze gewannen.
www.megafuesend.lu
Horaires Diffbus – Megafuesend