Maint.
22 octobre 2023
10:00 - 18:00
Église Sainte-Barbe – Lasauvage
Gratuit
Passion Fruit Makers Market invitéiert Iech op een Dag voller Konscht, handgemaachte Produkter a kënschtlerechen Entdeckunge wéi Schmuck, Keramiken, Kaarten, Prints, Design-Kleeder a villes méi. Kommt a shoppt vu ronn 30 lokale Kënschtler.innen, Handwierker.innen a Marken an engem eenzegaartege Kader.
Dëst ass déi 2. Editioun vum Passion Fruit Makers Market op der Zowaasch, organiséiert vun Alchemilla Lëtzebuerg, ee klenge Buttek am 1535° Creative Hub, dee selbstänneg Kreateuren aus aller Welt ënnerstëtzt.
Virun der Dier fannt Dir sëllege Foodtrucks, déi fir Iessen a Gedrénks beschtens suergen.
An den Highlights op der Instagramsäit alchemilla.lxb kritt Dir e puer Impressioune vun eiser éischter Editioun an demnächst ginn och d’Kënschtler, déi dëst Joer matmaachen, annoncéiert.
Merci de consulter www.stadhaus.lu pour toute information supplémentaire concernant le détail des prix, le statut de l’évènement ou d’autres informations pratiques.
La lecture audio du contenu de la page est active.
Arrêter la lecture