D’Pensioun kënnt ëmmer méi no? De Moment, deen ee sech oft erbäiseent, ass heiansdo och mat Onsécherheet verbonnen.
Den Antrëtt an d’Pensioun ass eng wichteg Phas vum Liewen, iwwer déi ee mat Zäit a Rou nodenke sollt: Wéi wëll ech liewen? Wat wëll ech nach maachen? Wat kënnt op mech duer?
Et ass wichteg, gutt op de Wiessel vum aktive Beruffsliewen an d’Pensioun virbereet ze sinn. Dofir organiséiert de Ser- vice Senior Plus zesumme mam GERO fir Bewunnerinnen a Bewunner vun der Gemeng Déifferdeng ab 55 Joer een Dag Gratis-Pensiounscoaching.
D’Romaine Mathey-Vandivinit an den Henri Feit, zwee vum GERO ausgebilte benevole Pensiounscoachen, begleeden Iech duerch dësen Dag a ginn Iech konkret Ënnerstëtzung, fir Är Pensioun beschtméiglech virzebereeden.
De Pensiounscoaching ass eng Initiativ vum GERO – Kompe- tenzzenter fir den Alter ASBL, zesumme mam Lëtzebuerger Ministère fir Famill an Integratioun. GERO setzt innovativ Impulser, fir d’Liewen am Alter positiv an aktiv ze gestalten.
Inscriptions au service Senior Plus: 58771-1562 ou par e-mail à seniorplus@differdange.lu