Maint.
04 décembre 2023
19:30
Aalt Stadhaus – Salle de spectacle
Gratuit
Eng wëllromantesch kabarettistesch-literaresch Liesung vun a mam Roland Meyer.
Et si schaardeg Zäiten an d’Zukunft gëtt ëmmer méi grimmeleg am räichste Land vun der Welt. Mee et ass een ëmmer nëmmen esou räich wéi ee sech fillt.
Lëtzeburg, oh du eist butzeg-klengt Bommeleeër-Kachkéis- a-Superjhemp-Ländchen, an deem d’Rief laanscht d’Mousel verdiert, d’Sauer duerch d’Fielse just nach rënnt an d’Wunnengspräisser duerch de Plafong balleren.
Déi eng déi wëllen dech net opginn, déi aner loossen hieren Dreck um Stauséi trëllen a villen sinn d’Corona-Aschränkungen over the top gewiescht.
Apropos top, wéi steet et eigentlech mat eiser Sprooch a wat geschitt, wann alles weider alt méi deier gëtt?
De Roland Meyer analyséiert mat vill Kaméidi a Gedäisch an net ouni eng uerdentlech Portioun Roserei den aktuellen Zoustand vun der Natioun a wonnert sech zerguttst, wéi héich de Quecksëlwer an der Tëschenzäit scho geklotert ass.
Merci de consulter www.stadhaus.lu pour toute information supplémentaire concernant le détail des prix, le statut de l’évènement ou d’autres informations pratiques.
La lecture audio du contenu de la page est active.
Arrêter la lecture