Woch Ouni Pestiziden: Kreativconcours

kreativconcours-2.jpg

D’Woch Ouni Pestizide fënnt all Joer statt, fir d’Bierger op d’Problematik vun de Pestiziden opmierksam ze maachen.

Fir och d’Kanner op d’Thema Pestiziden a Biodiversitéit ze sensibiliséieren, fir de Schoulen an aneren edukative Strukturen eng Geleeënheet ze ginn, dëst Thema ze erklären, organiséiert d'Ëmweltberodung Lëtzebuerg e kreative Concours zum Thema Biodiversitéit bei eis doheem.

De Concours ass fir all Kanner am Alter vun der Grondschoul, Maisons Relais oder aus engem Veräiner. All Technike si méiglech: Bläistëft, Tuschbic, Stëfter, Collagen, Molen, Fotoen, Computer, Naturkonscht a villes méi...

Et gi flott Kaddoen ze gewannen: e Set fir Feier ze maachen, e Messer, e Kompass, e Survivalkit fir Kanner, eng Spektiv a villes méi...

Schéckt är Wierker bis de 15.5.2019 un:
Ëmweltberodung Lëtzebuerg
18f, rue de la Cimenterie
L-1337 Luxembourg oder op info@ebl.lu

Méi Informatiounen op: www.ounipestiziden.lu oder www.semaine-sans-pesticides.fr

Flyer


 

17.04.2019

Permanence: Lundi de pâques

Veuillez noter que l’administration communale de la Ville de Differdange restera fermée en date du 22 avril 2019, «lundi de…

17.04.2019

Ouverture du marché hebdomadaire

L'ouverture officielle de la saison du marché hebdomadaire de Differdange aura lieu le jeudi 18 avril 2019 à partir de 15 h.

08.04.2019

Europawahlen 2019

Hutt Dir nach Froen zu den Europawahlen? An d'Informatiounsbroschüre „Check Politik” fannt Dir all Infoen op 4 verschiddene…