Lästeg Gäscht

Wespe_news.jpg

Jidderee kennt dat. Harespele kënne lästeg Gäscht am Summer sinn an op der Terrass oder beim Iesse stéieren.

D'Ëmweltberodung an natur&ëmwelt hunn zesummen ee Flyer ausgeschafft, wéi Dir Iech am Beschten am Ëmgang mat Harespele verhaalt.

Meeschtens ass dat negatiivt Image vun dësen Déieren nämlech net gerechtfäerdegt. Harespele sinn nëtzlech Déieren an natierlech Schädlingsbekämpfer am Gaart.

Hëllef, en Nascht!

Wann een en Nascht mat Harespelen huet, sinn d'Pompjeeën net déi éischt Ulafstell. Si sprange just an, wann eng akut Gefor fir Persoune besteet. Dat huet souwuel mam Naturschutz ze dinn, awer och mat der Reform am Rettungswiesen. Dem Naturschutzgesetz no ass all net gerechtfäerdegt Zerstéierung vu wëll Déierenaarte verbueden.

D'EBL an natur&ëmwelt bidden dofir elo Harespelberoder un. Dës fräiwëlleg Beroder sollen d'Leit sensibiliséieren a mat hinne kucken, wéi ee mat den Déiere ka liewen. Näschter solle just do fortgemaach ginn, wou et geféierlech ass fir Persounen.

Harespelberodung: natur&ëmwelt (T. 29 04 04-1) | Ëmweltberodung (T. 24 78 68-31)

Bei oder Harespel?

Et ass net ëmmer ganz einfach, Beien an Harespelen auserneenzehalen, virun allem, well et jo net just eng Zort Harespele gëtt. Dofir huet natur&ëmwelt lescht Joer e Flyer (De.) ausgeschafft, mat deem Dir Iech iwwert déi schwaarz-giel gesträiften Déiercher informéiere kënnt.

Flyer Guèpes (Fr.)

Plus d'informations sur le sujet  ⎪  Weitere Informationen zum Thema

Contact

natur&ëmwelt
berodung@naturemwelt.lu
www.naturemwelt.lu
Ëmweltberodung Lëtzebuerg
info@ebl.lu | www.ebl.lu

22.08.2019

Attention: sens unique

En raison de travaux routiers, la rue J.-F. Kennedy à Differdange ne sera accessible qu’en sens unique du lundi 26 aout au…

16.08.2019

Attention aux vols par ruse

Chers grand-parents, ne vous laissez pas duper! Un message de la Police du Luxembourg.

14.08.2019

Attention: route barrée

À partir du 19 aout, la rue Pierre-Gansen sera fermée à la circulation à hauteur du pont scolaire jusqu’au 7 septembre.