Lescht-Hëllef-Cours

27_omega90-1-kopie.jpg

Mir sinn oft hëlleflos, wann et ëm d'Stierwe vu Mënschen, aus eisem direkten Ëmfeld geet, ob  dat Famill, Frënn oder Nopere sinn. Iwwer déi lescht Joerzéngten ass dat uraalt Wësse ronderëm  Begleede vu Stierwen an Doud lues a lues verluer gaangen.

An eiser Gesellschaft ass den Doud keen Theema – an dach si mir alleguer betraff. Fir de Leit an esou Situatiounen erëm méi Sécherheet ze ginn, bitt Omega 90 Lescht-Hëllef-Coursen un: eng Plaz, fir sech zesumme mat aneren Interesséierten iwwer dëst Theema auszetauschen an Informatiounen iwwer Stierwen an Doud hei zu Lëtzebuerg ze kréien.

Sidd Dir interesséiert, da mellt Iech fir den nächste Cours de 25. Januar an den 1. Februar 2020 vun 9-12 Auer zu Déifferdeng am Ale Stadhaus un.

Organiséiert vum Omega 90 & an dem Service Senior Plus vun der Gemeng Déifferdeng. D'Participatioun ass gratis.

Diffmag-Artikel Interview Clara dos Santos vun Omega 90_12/2019

Affiche Lescht Hëllef Cours

Kontakt & Umeldung

Omega 90
E-Mail
T.: 29 77 89-1

29.01.2020

Conseil communal du 29.1.2020

La séance du conseil communal du 29 janvier 2020 est en ligne.

29.01.2020

Vacance de poste

La Ville de Differdange recherche des remplaçants pour les congés de maladie dans ses services d’éducation et d’accueil.

24.01.2020

Aktioun Päiperlek

Commandez votre paquet gratuit de vivaces à papillons auprès du SICONA.