Déi grouss Iddi ass et, Méiglechkeeten unzebidden, fir der Konscht a Kreativitéit hire Raum ze ginn an esou der Konscht an der Schoul e wichtege Stellewäert ze ginn.
Bildung, Pedagogik, kreatiivt Schaffen, Vermëttlung vu Konscht, e Raum opmaache fir jiddereen, dee sech ugesprach fillt, sech mat Kreativitéit ausenanerzesetzen…
E Kand ass kreativ vu klengem un a verdéngt déi beschtméiglech Fërderung vun deem Potenzial.
All Kand huet e Recht op kënschtleresch a kulturell Bildung an der Schoul, well se him d’Méiglechkeet bitt, sech zu enger autonomer a kreativer Perséinlechkeet ze entwéckelen.
An der Kreativschoul gëtt déi kulturell Bildung gefërdert a gestäerkt. Kanner gi fir kulturell Aktivitéiten a kreatiivt Schaffe begeeschtert, si léieren autonom handelen a kritesch ze denken.
Die Audiowiedergabe des Seiteninhalts ist aktiv.
Wiedergabe beenden