De Sproochecafé gëtt eemol de Mount organiséiert vun 19:00 bis 20:30 Auer. Datumer fannt Dir an eisem Agenda.
Adress
Centre culturel Aalt Stadhaus
38, avenue Charlotte
L-4530 Differdange
E Sproochecafé ass een Owend an engem flotte Kader, wou interesséiert Leit ganz ongezwongen d’Méiglechkeet hunn, déi Sprooch, déi se geléiert hunn oder grad léieren, och ze benotzen – ausserhalb vun engem Sproochecours.
U verschiddenen Dëscher gi verschidde Sprooche geschwat: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, Englesch, Portugisesch, Italieenesch, Spuenesch…
Kommt laanscht, üübt eng Sprooch a leiert nei Leit kennen! De Sproochecafé ass ee Mol de Mount.
De Sproochecafé gëtt eemol de Mount organiséiert vun 19:00 bis 20:30 Auer. Datumer fannt Dir an eisem Agenda.
Adress
Centre culturel Aalt Stadhaus
38, avenue Charlotte
L-4530 Differdange
Participantë mussen iwwer 16 Joer al sinn, an an der Sprooch, déi se übe wëllen en Niveau A2 hunn.
D’Participatioun ass gratis an d’Gedrénks sinn abegraff.
Schréift Iech hei an :
D’Stad Déifferdeng sicht reegelmeisseg Fräiwëlleger, fir déi verschidden Dëscher vum Sproochecafé ze leeden. Interesséiert Persoune musse mindestens 18 Joer al sinn an en Niveau B2 an där Sprooch hunn, déi se wëllen animéieren.
Die Audiowiedergabe des Seiteninhalts ist aktiv.
Wiedergabe beenden