Jetzt
D’Feierdeeg stinn (nach net grad) virun der Dier. Hei si schonn déi wichtegst Datumer, fir an de Kalenner ze schreiwen.
Den Optakt mécht den Hobbymaart den 16. an 17. November op der Déifferdenger Maartplaz. Organiséiert vun de Käschtefrënn Déifferdeng erwaarden Iech 22 Stänn op dësem Maart. Fir de klengen (a groussen) Honger ass gesuergt: Et gëtt Gegrills, Kuch– an natierlech Käschten.
De Weekend vum 22. bis de 24. November organiséieren d’Lanz Bulldog Frënn hiren traditionellen Adventsmaart op der Zowaasch. D’Ouverture ass de 24. November um 18.30 Auer mat Concerten an engem Cortège vun den Zowaascher Schoulkanner. An de 24. November kënnt de Kleeschen op Besuch.
Den 29. November um 18.30 Auer ass d’Ouverture vum Déifferdenger Chrëschtmaart op der Maartplaz. De Chrëschtmaart ass da bis den 22. Dezember vu mëttwochs bis sonndes vu 14 bis 20 Auer op. D’Iessstänn si schonn ab 12 Auer op! Freides a samschdes ass de Chrëschtmaart bis 22 Auer op. Vill Concerten sinn geplangt – entdeckt de Programm an eisem Flyer.
Nieft den traditionelle Stänn gëtt et erëm eng syntheetesch Äispist (Detailer am Flyer), Concerten, en Après-Ski an ee Karussell.
De « Schwaizer Chalet » ass all Dag op, och méindes an dënschdes, vun 11:30 bis 22 Auer, an dëst bis den 22. Dezember nach mat. D’Telefonsnummer fir eng Reservatioun ass den 691 240 765.
Dir wëllt de Kleesche begéinen? En huet eis verroden, datt en den 30. November ab 14 Auer duerch d’Stroosse vun eiser Stad zitt. Vum Parking Centre-ville duerch den Zentrum bis op d’Maartplaz. Hie freet sech, Iech a grousser Zuel do ze gesinn.
Freides 13 Dezember
18 h – 22 h Après-ski mam DJ Christian du Coin
19 h – 20 h 30 Hunneg Strëpp
Samsdes 14 Dezember
18 h – 22 h 80er/90er-Party mam DJ Mike Lohei & DJ Pino
Sonndes 15 Dezember – FAMILY DAY
10 h-14 h Biergerbrunch
Apd 14h30 Atelieren an Animatioune fir Kanner
14 h 30 – 15 h Demonstratioun vum Flic-Flac Déifferdeng
15 h – 16 h Zauberer Jonn Happi
16 h Animatioun mam DJ Fränz
OPGEPASST: De Concert fënnt an der Kierch zu Uewerkuer statt.
Den 18. Dezember um 18.30 Auer organiséiert d’Déifferdenger Museksschoul den traditionelle Chrëschtconcert an der Kierch zu Uewerkuer. Nom Concert fënnt dann nach d’Diplomiwwerreechung statt.
Die Audiowiedergabe des Seiteninhalts ist aktiv.
Wiedergabe beenden