Jetzt
De Weekend vum 11. bis de 14. Oktober ass Kiermes op der Place Jehan Steichen zu Uewerkuer.
Hei erwaart Iech, wéi gewinnt, e Programm fir déi ganz Famill mat Knuppautoen, Schéissstand oder Intefëschen. A wéi et sech gehéiert, gëtt et allerlee ze iessen, ze drénken an ze schneeken.
D’Kiermes ass all Dag vu 14 bis 22 Auer op.
Déi offiziell Ouverture mat Kiermeskuch an Éierewäin ass e Freideg, den 11. Oktober um 18.30 Auer mat Musek vum Orchester Rom Thielen. Den traditionellen Hämmelsmarsch gëtt vun der Harmonie Municipale de Differdange gespillt.
Die Audiowiedergabe des Seiteninhalts ist aktiv.
Wiedergabe beenden