Attention Notre site internet est actuellement en maintenance pour améliorer votre expérience. Fermer

Events

Cojellico’s Jangen

19 janvier 2024

20:00

Aalt Stadhaus – Salle de spectacle

17€

Mat de Cojellico’s Jangen entsteet am Joer 2011 am Stued Theater zu Gréiwemaacher en neit Format, fir bekannten a manner bekannte Lëtzebuerger Lidder aus der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert ze presentéieren: am Sound an am Look vun de legendäre Comedian Harmonists (1928-1935).

Säitdeem hunn d‘Jangen (benannt nom Jempy Welter sengem Lidd Cojellico’s Jang) ronn 120 Concerte gesongen an et sinn véier Alben erauskomm: Live am Inoui (2012), Dammenalphabet (2017), Gloria (2018) an Dat elei an dat elo (2023).

All Concert, all Album, all Joer huet seng Geschichten hannerlooss. D’Joer 2023 markéiert d’Jangen awer op eng besonnesch batter Manéier: si verléieren Ufank Mäerz no laanger Krankheet hire Bassist an Arrangeur Jean-Marie. D’Welt ass elo eng aner. Déi gemeinsam gesonge Lidder sinn a bleiwe Schmierz an Trouscht zugläich. Esou kritt och den Titel vum neien Album fir dem Dicks säin 200. Gebuertsdag Dat elei an dat elo eng nei Bedeitung: Et gi Situatiounen am Liewen, wou mer eis net entscheede kënnen oder sollen. Trauer a Freed, Leed a Gléck dierfen nieftenaner existéieren. An dat maache se och. Am Numm vum groussen Hexemeeschter, vum Gréit, vum Salomon, vum Gottlieb Hurra a vum Liss.

Plus d'information


Merci de consulter www.stadhaus.lu pour toute information supplémentaire concernant le détail des prix, le statut de l’évènement ou d’autres informations pratiques.

 

 

La lecture audio du contenu de la page est active.

Arrêter la lecture