Jetzt

Events

De Spada am Stadhaus Spezial

17 Juni 2026

20:00

Parc Edmond Dune – Differdange

15€

(F*** de) Fussball: Eng Spezial Editioun „De Spada am Stadhaus” fir all Mënsch, dee Fussball null fënnt an awer matkuckt oder mat kucke muss.

De Luc Spada kommentéiert live matt sengen Invitéen d’Spill vum Moment, well et ass WM an Amerika.

Hei ginn déi grouss Froe gestallt:

  • Wéi kann et sinn, dass Fussballspiller ni homosexuell sinn?
  • Gëtt Lëtzebuerg endlech Weltmeeschter? Wéi e Spiller huet déi meeschte peinlech Tattooen?
  • Wisou stinn do zwee Goler, wann se all an de selwechte schéisse kéinten?

Eng Late-Night-Open-Air-Show déi sech wuertwiertlech eraus traut.

De Spada am Stadhaus ënner fräiem Himmel (wann et net reent, soss awer bannen) am Parc Edmond Dune matt Béierbänken, (och veganen) Grillwurschten & den hotteste Bléiser aus Burrito-Déifferdeng.

Plus d'information


Merci de consulter www.stadhaus.lu pour toute information supplémentaire concernant le détail des prix, le statut de l’évènement ou d’autres informations pratiques.

 

 

Die Audiowiedergabe des Seiteninhalts ist aktiv.

Wiedergabe beenden