Neuigkeiten
A- A+

Sproochecafé: Aschreiwung

Kommt laanscht, üübt eng Sprooch a leiert nei Leit kennen!

Wat ass e Sproochecafé?

Dat ass een Owend an engem flotte Kader, wou interesséiert Leit ganz ongezwongen d’Méiglechkeet hunn, déi Sprooch, déi se geléiert hunn oder grad léieren, och ze benotzen – ausserhalb vum Cours.

U verschiddenen Dëscher gi verschidde Sprooche geschwat: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, Englesch, Portugisesch, Italieenesch, Spuenesch… De Sproochecafé gëtt eemol de Mount organiséiert.

Konditiounen

Participantë mussen iwwer 16 Joer al sinn an an der Sprooch, déi se übe wëllen, en Niveau A2 hunn.

Matmaachen ass gratis & Gedrénks mat abegraff

Wéini?

  • 26/09/2024
  • 17/10/2024
  • 21/11/2024
  • 12/12/2024
  • 23/01/2025
  • 13/02/2025
  • 20/03/2025
  • 03/04/2025
  • 08/05/2025
  • 12/06/2025

19:00 – 20:30 Auer

Wou?

Centre culturel Aalt Stadhaus zu Déifferdeng

Aschreiwung


 

Volontariat

D’Stad Déifferdeng sicht reegelmeisseg Fräiwëlleger, fir déi verschidden Dëscher vum Sproochecafé ze leeden. Interesséiert Persoune musse mindestens 18 Joer al sinn an en Niveau B2 an där Sprooch hunn, déi se wëllen animéieren.

Fir méi Informatioune kënnt Iech bei eisem Chancëgläichheetsdéngscht mellen:
sandra.ribeiro@differdange.lu
T.: 58 77 1-1558

 

Kontakt

Abteilung für Chancengleichheit
sandra.ribeiro@differdange.lu
T.: 58 77 1-1558

 

Die Audiowiedergabe des Seiteninhalts ist aktiv.

Wiedergabe beenden