Kommt laanscht, üübt eng Sprooch a leiert nei Leit kennen!
Dat ass een Owend an engem flotte Kader, wou interesséiert Leit ganz ongezwongen d’Méiglechkeet hunn, déi Sprooch, déi se geléiert hunn oder grad léieren, och ze benotzen – ausserhalb vum Cours.
U verschiddenen Dëscher gi verschidde Sprooche geschwat: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, Englesch, Portugisesch, Italieenesch, Spuenesch… De Sproochecafé soll eemol de Mount organiséiert ginn.
Participantë mussen iwwer 16 Joer al sinn, an an der Sprooch, déi se übe wëllen en Niveau A2 hunn.
19:00 – 20:30 Auer
Wou? Aalt Stadhaus zu Déifferdeng
Matmaachen ass gratis & Gedrénks mat abegraff
Die Audiowiedergabe des Seiteninhalts ist aktiv.
Wiedergabe beenden