Jetzt
D’Feierdeeg sti bal virun der Dier. Hei sinn déi wichtegst Datumer, fir an de Kalenner ze schreiwen.
De Weekend vum 28. bis den 30. November organiséieren d’Lanz Bulldog Frënn hiren traditionellen Adventsmaart op der Zowaasch. D’Ouverture ass de 28. November um 17 Auer.
28. November : 17 – 20 Auer
29. November : 16 – 21 Auer
30. November : 15 – 19 Auer
De 5. Dezember um 18.30 Auer ass d’Ouverture vum Déifferdenger Chrëschtmaart op der Maartplaz. De Chrëschtmaart ass bis den 21. Dezember vu mëttwochs bis sonndes vu 14 bis 20 Auer op. D’Iessstänn si schonn ab 12 Auer op! Freides a samschdes ass de Chrëschtmaart bis 22 Auer op. Vill Concerten sinn geplangt – entdeckt de Programm an eisem Flyer.
Nieft den traditionelle Stänn gëtt et erëm eng syntheetesch Äispist (Detailer am Flyer), Concerten, en Après-Ski an ee Karussell.
De Schwäizer Chalet ass all Dag op, och méindes an dënschdes, vun 11:30 bis 22 Auer, an dëst bis den 21. Dezember nach mat. D’Telefonsnummer fir eng Reservatioun ass den T. 691 240 765.
Dir wëllt de Kleesche begéinen? En huet eis verroden, datt en de 6. Dezember ab 14 Auer duerch d’Stroosse vun eiser Stad zitt. Vum Parking Centre-ville duerch den Zentrum bis op d’Maartplaz. Hie freet sech, Iech a grousser Zuel do ze gesinn.
Den 10. Dezember um 18.30 Auer organiséiert d’Déifferdenger Museksschoul den traditionelle Chrëschtconcert an der Kierch zu Uewerkuer. Nom Concert fënnt dann nach d’Diplomiwwerreechung statt.
Freides, 12. Dezember
18 – 23 Auer • DJ Luke
21 – 21:30 Auer • Anna-Maria Zimmermann
Samschdes, 13. Dezember
18 – 23 Auer • Winter Vibes by DJ Fritz & Petz
Sonndes, 14. Dezember – FAMILY DAY
10 – 14 Auer • Brunch citoyens
14:30 – 17:30 Auer • Kids Nomëtten mat Kiddyevent
15:30 Auer • Joe Del Toe : Clown‘skinski
17:30 – 19 Auer • The Winter Queen Show
Die Audiowiedergabe des Seiteninhalts ist aktiv.
Wiedergabe beenden