Neuigkeiten

Vacances-loisirs 2026

Gutt Nouvellë fir Familljen zu Déifferdeng: Vum 20. bis 31. Juli 2026 fannen d’Vacances loisirs statt – ee gratis Vakanzeprogramm mat Aktivitéite fir Kanner ab dem Precoce bis an de Cycle 4.2.

D’Vakanzenaktivitéite ginn organiséiert vum Service d’éducation et d’accueil vun der Stad Déifferdeng a bidden de Kanner ee flotten, betreite Kader, deen un all Alter ugepasst ass.

Eng héichwäerteg Betreiung

D’Kanner gi vum edukative Personal aus de Maison-relaisen a vu qualifizéierte Studente mat engem Brevet Animateur A betreit. D’Aktivitéite fannen all Dag vu 14 bis 17:30 Auer an de Maison-relaise vum jeeweilege Schoulressort vun de Kanner statt. Et sinn zwou Altersgruppe virgesinn: ee Grupp fir de Precoce an den C1, an ee Grupp fir d’Cyclen 2-4.

D’Kanner solle Kleeder unhunn, déi dem Wieder an den Aktivitéite vum Dag entspriechen.

Opgepasst: D’Maison-relaise maachen um 14 Auer zou. Wann Äert Kand net un de Vacances-loisirs-Aktivitéiten deelhëlt, muss et virun 14 Auer ofgeholl ginn.

Snack & Heemgoen

D’Kanner kréien all Dag ee gesonde Snack offréiert. Si musse just hire Bidon mat Waasser matbréngen.

Tëscht 17:30 an 18 Auer mussen d’Kanner heemgoe resp. ofgeholl ginn. Wannechgelift respektéiert dës Auerzäiten, anerefalls kann d’Kand vun den Aktivitéiten ausgeschloss ginn.

Closing Day : en Ofschlossfest fir d’ganz Famill

Am Kader vum Closing Day den 31. Juli gëtt dëst Joer fir d’Kanner eng Marche gourmande organiséiert. Ab 16:30 Auer sinn d’Elteren dann häerzlech agelueden, um Ofschlossfest am Hall O deelzehuelen. D’Kanner musse virun 18 Auer ofgeholl ginn.

Aschreiwung

Save the date : D’Umeldunge fir d’Vacances loisirs lafe vum 13. bis 17. Abrëll 2026.

 

Kontakt

Service d’éducation et d’accueil
Laurent Delleré : T. 58 77 1-1440 
Manuel Schoellner : T. 58 77 1-1441