Jetzt
De Sportsservice vun der Stad Déifferdeng organiséiert eng Schivakanz fir Kanner am Alter vun 11-13 Joer aus der Gemeng.
Loosst Är Kanner de Spaass um Schifueren entdecken. D’Rees mam Bus geet vum 29. Mäerz bis den 3. Abrëll 2026 op UCPA Les Arcs a Frankräich. Do gi si de ganzen Openthalt iwwer betreit a léiere mat diploméierte Moniteure Schifueren.
Am Präis vun 436 Euro ass alles mat dran: d’Busrees, den Openthalt mat Vollpensioun, de Schipass, d’Versécherung, de Schimoniteur an d’Material. Bei Bedarf, kann eng finanziell Ënnerstëtzung ugefrot ginn, virun allem fir Familljen déi d‘Allocation de vie chère bezitt.
Die Audiowiedergabe des Seiteninhalts ist aktiv.
Wiedergabe beenden