Gutt Nouvellë fir Familljen zu Déifferdeng: Vum 20. bis 31. Juli 2026 fannen d’Vacances loisirs statt – ee gratis Vakanzeprogramm mat Aktivitéite fir Kanner ab dem Precoce bis an de Cycle 4.2.
D’Vakanzenaktivitéite ginn organiséiert vum Service d’éducation et d’accueil vun der Stad Déifferdeng a bidden de Kanner ee flotten, betreite Kader, deen un all Alter ugepasst ass.
D’Kanner gi vum edukative Personal aus de Maison-relaisen a vu qualifizéierte Studente mat engem Brevet Animateur A betreit. D’Aktivitéite fannen all Dag vu 14 bis 17:30 Auer an de Maison-relaise vum jeeweilege Schoulressort vun de Kanner statt. Et sinn zwou Altersgruppe virgesinn: ee Grupp fir de Precoce an den C1, an ee Grupp fir d’Cyclen 2-4.
D’Kanner solle Kleeder unhunn, déi dem Wieder an den Aktivitéite vum Dag entspriechen.
Opgepasst: D’Maison-relaise maachen um 14 Auer zou. Wann Äert Kand net un de Vacances-loisirs-Aktivitéiten deelhëlt, muss et virun 14 Auer ofgeholl ginn.
D’Kanner kréien all Dag ee gesonde Snack offréiert. Si musse just hire Bidon mat Waasser matbréngen.
Tëscht 17:30 an 18 Auer mussen d’Kanner heemgoe resp. ofgeholl ginn. Wannechgelift respektéiert dës Auerzäiten, anerefalls kann d’Kand vun den Aktivitéiten ausgeschloss ginn.
Am Kader vum Closing Day den 31. Juli gëtt dëst Joer fir d’Kanner eng Marche gourmande organiséiert. Ab 16:30 Auer sinn d’Elteren dann häerzlech agelueden, um Ofschlossfest am Hall O deelzehuelen. D’Kanner musse virun 18 Auer ofgeholl ginn.
Save the date : D’Umeldunge fir d’Vacances loisirs lafe vum 13. bis 17. Abrëll 2026.
Die Audiowiedergabe des Seiteninhalts ist aktiv.
Wiedergabe beenden