An dësem Joer huet d’Stad Déifferdeng d’Éier, déi groussherzoglech Koppel am Kader vun de Festivitéiten zum Nationalfeierdag den 22. Juni ze begréissen.
D’Awunner a Visiteuren erwaart um Virowend vun Nationalfeierdag ee flotten an ofwiesslungsräiche Programm mat offizielle Feierlechkeeten, Traditiounen an engem grousse Volleksfest am Zentrum.
Et geet lass um 17 Auer am Park Gerlache, wou déi groussherzoglech Koppel empfaange gëtt.
Weider geet et um 17:15 Auer mat enger Virstellung vun der Stad an hiren Associatiounen, déi eist villfältegt Veräinsliewen ervirhieft.
Um 18:20 Auer ginn de Grand-Duc an d’Grand-Duchesse am Cortège vum Park Richtung Maartplaz, fir d’Bevëlkerung ze begréissen.
Um 18:45 hält de Buergermeeschter seng offiziell Ried an iwwerreecht der groussherzoglecher Koppel e Kaddo. Am Kader vun dësem offiziellen Deel wäert d’Koppel sech och d’Buch vun der Stad androen.
Den Depart vum Grand-Duc an der Grand-Duchesse ass fir 19:00 Auer geplangt.
Um 19:30 Auer gëtt am Park Gerlache den offiziellen Te Deum ënner fräiem Himmel ofgehalen.
Vun 19:00 bis um 03:00 Auer moies ass am Zentrum e grousst Volleksfest mat Concerten an enger Lightshow ugesot.
| 17:00 | Arrivée du couple grand-ducal | Park Gerlache |
| 17:20 | Présentation de la ville et de ses associations |
Park Gerlache |
| 18:10 | Défilé du couple grand-ducal | Park Gerlache Maartplaz Foussgängerzon |
| 18:45 | Discours du bourgmestre, remise du cadeau, livre d’or |
Maartplaz |
| 19:30 | Te Deum | Park Gerlache |
| 20:00 - 22:00 | Irina | Foussgängerzon |
| 20:00 - 22:30 | ABBA Coverband | Maartplaz |
| 22:30 - 23:30 | Faye and the Mockingbirds | Foussgängerzon |
| 22:45 - 23:30 | Les Gavroches | Maartplaz |
| 23:30 - 0:00 | Light Show | Foussgängerzon Maartplaz |
| 0:00 - 1:00 | Faye and the Mockingbirds | Foussgängerzon |
| 1:15 - 2:45 | DJ Packo Gualandris | Foussgängerzon |

Die Audiowiedergabe des Seiteninhalts ist aktiv.
Wiedergabe beenden